youngcaritas
Iwwert ons
youngcaritas ass eng Plattform fir jonk Leit, déi hinnen d'Méiglechkeet bitt, sech ze engagéieren a sou e positiven Impakt op d'Gesellschaft ze hunn. Mir sinn der Meenung, datt déi Jonk Chancë brauchen, fir eng nohalteg Welt vu Solidaritéit a sozialer Gerechtegkeet ze schafen.
Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, fir sech bei youngcaritas ze engagéieren:
- Maach mat bei engem solidaresche Projet vum Solidactive.
- Hëllef, eng Aktivitéit vum Spillmobil ze animéieren.
- Encadréier an animéier eng vun eise Vakanzekolonien.
- Huel un der Formatioun fir den Animateur oder engem youngcaritas training deel.
- Gëff kreativ an entwéckel Däi Projet oder maach e längerfristegt Volontariat.
Duerch den immensen Engagement vun de Jonke kënne mir folgend aner Offeren ubidden:
- Dir wëllt e Kand oder Jugendleche fir eng Vakanzekolonie aschreiwen? A lass!
- Dir sidd e méigleche Partner fir e Projet vum Solidactive, vum Spillmobil oder fir e Workshop? Kontaktéiert eis!
Mir freeën eis op Iech!