Solidactive Partner
Solidaresch aktiv!
Solidactive steet kuerz fir „solidary active”!
All Jugendlechen a jonken Erwuessene ka sech bei eis solidaresch engagéieren! Mir organiséieren Aktivitéiten a Projete fir benodeelegt Leit, fir den Austausch an eiser Gesellschaft, fir d’Ëmwelt an d’Natur an a villen anere Beräicher, déi hinne wichteg sinn.
Wann Dir am Kader vun Ärer sozialer Ariichtung, Ärer Schoul oder enger anerer Organisatioun eng Kooperatioun oder Kollaboratioun a Form vun Aktivitéit oder Projet sicht, da mellt Iech bei eis.
Eis Projeten am Iwwerbléck:
- a place for tolerance: mat Graffiti spraye mir Bänken zu Themen, déi eis um Häerz leien, a schafen esou Plaze fir Toleranz
- cook & connect: zesumme kachen an Zäit matenee verbréngen, dat mat villen ënnerschiddleche Mënschen
- eco adventures: mir hu just dëse Planéit! Looss eis zesumme (léieren) besser an nohalteg op en opzepassen
- fashion swap: komm tausch deng Kleeder oder hëllef aktiv op eise Kleedertausch-Partien
- filmcrew: film a schneit Videoe vun eise Projete
- game changer: méi ewéi just spillen! Egal ob solidaresch Spillaktiounen oder Spillen am ëffentleche Raum, spille mëscht Spaass
- living libraries: Mënschen als Bicher. Lauschter enger Persoun hir Liewensgeschicht a léier si besser kennen
- more than sport: Sport a Beweegung verbënnt!
- on the road: cool Ausflich mat nach méi coole Leit, déi ouni eis Hëllef vill Plazen net kéinte besichen
- podcast: beim "Let's talk about" kanns du iwwert déi Theme schwätzen, déi dech beweegen
- your project: d'Méiglechkeet, deng Iddien oder deng Aktivitéit ëmzesetzen!
Kontakt: solidactive.youngcaritas@cjf.lu