Colonies

18.08.2025 - 22.08.2025


Avatar

Allgemeng Informatiounen


vun Méindeg 18 August 2025 bis Freideg 22 August 2025

Standuert: Centre de Jeunesse - Marienthal

Alter: vun 6 bis 10 Joer

Tarif : 350 €


vun Méindeg 18 August 2025 bis Freideg 22 August 2025

Bass du prett fir en onvergiesslecht Abenteuer? An dëser Kolonie tauche mir an, an eng magesch Welt, wou déi véier Elementer - Waasser, Buedem, Feier a Loft - am Mëttelpunkt stinn. All Kand gëtt Deel vun enger vun de véier grousse Gemeinschaften, déi sech de Geheimnisser vun hirem Element widmen.

Awer an der Mëtt vun all den Aufgaben an Aventure feelt eppes Wichteges: den Avatar, deen eenzege, dee fäeg ass, all véier Elementer ze meeschteren. Zesumme maacht dir iech op eng spannend Sich, léist Rätselen, iwwerwannt Hürden a meeschtert Erausfuerderungen, fir den Avatar ze fannen an d'Balance tëscht den Elementer erëm hierzestellen.

Wäerten déi véier Gemeinschaften hir Kräfte vereenen an den Avatar fannen? Macht iech prett fir eng Erfarung voller Teamgeescht, Spaass a magesch Momenter!