25.05.2025 - 29.05.2025
Spill- an Erliefnisdeeg
Allgemeng Informatiounen
vun Sonndeg 25 Mee 2025 bis Donneschdeg 29 Mee 2025
Standuert: Ierpeldeng-Sauer
vun Sonndeg 25 Mee 2025 bis Donneschdeg 29 Mee 2025
D'Spill- an Erliefnisdeeg feieren no 2019 mat engem neie Format hiert Comeback! Mir organiséieren dräi Deeg Spill a Spaass fir Kanner vu verschiddenem Alter zum Thema "Adventure". Esou kanns du Erfarunge fir deng Kolonien oder aner Aktivitéite sammelen, déi aner Jonk vu youngcaritas kenneléieren an du dierfs dech esou vill mat abréngen ewéi's du wëlls.
De Programm:
- Sonndes, den 25/05: Montage
- Méindes, den 26/05: Cycle 1
- Dënschdes, den 27/05: Cycle 2
- Mëttwochs, den 28/05: Cycle 3
- Donneschdes, den 29/05: Demontage
Du bass och fräi ze decidéieren ewéi eng Deeg's du mat dobäi bass a mir këmmeren eis dass et dir un näischt feelt: Iessen, Drénken, Owesprogramm, Schlofplaz,...
Mell dech un oder schreif wann's du Froen hues: +352 661 367 456 oder solidactive.youngcaritas@cjf.lu