Colonies

05.04.2025 - 12.04.2025


Powderdays

Allgemeng Informatiounen


vun Samschdeg 05 Abrëll 2025 bis Samschdeg 12 Abrëll 2025

Standuert: Ferienhaus Granit Saas-Fee (CH)

Alter: vun 13 bis 17 Joer

Tarif : 800 €


vun Samschdeg 05 Abrëll 2025 bis Samschdeg 12 Abrëll 2025

Hues du Loscht mat alen an neie Kolleegen deng Ouschtervakanz am Schnéi ze verbréngen? Dann komm mat op Saas-Fee!

Am Süde vum Kanton Wallis an der Schwäiz, wäerte mir eng Woch laang op iwwer 100 km Pisten eise Spaass um op de Schi an um Snowboard hunn. Domat net genuch! Op 3500 Meter kenne mir e wonnerschéine Bléck op d'Bierger genéissen an de Gletscher besichen. Och Owes am Chalet hunn mir nach e coole Programm.

Opgepasst ! Ufänger kenne bei deser Kolonie just Schi léieren a kee Snowboard.