16.03.2024 - 16.03.2024
Fuersécherheetstraining
Samschdeg 16 Mäerz 2024
Konditioun: op mannst 21 Joer al sinn, de Führerschäi säit méi wéi 2 Joer hunn a bei Caritas Jeunes & Familles schafen oder Animateur an eise Vakanzekolonië sinn.
De Programm ass just op Lëtzebuergesch!
Des Formatioun besteet aus engem theoreteschen Deel a prakteschen Übungen. Déi verschidden Übungen a Virféierungen erlaben de Participante, folgend Erfarunge mat enger Camionnette ze maachen:
- Selbstaschätzung
- Afloss vun der Vitess op d'Reaktiounszäit
- Bremswee an Noutbremsung
- Lenktechnik
- Sécherheetsofstand tëscht zwee Gefierer
- ugepasste Vitess
- Bremsen an auswëschen op enger rutscheger Fuerbunn
- Verhalen a Konsequenze vun engem schlidderende Won
- Konsequenze vun engem Accident
- Feeler vermeiden