Solidactive

30.09.2023 - 30.09.2023


Fashion swap: den youngcaritas-Kleedertausch

Allgemeng Informatiounen


Datum : Samschdeg 30 September 2023

Standuert: Rotondes, Stad Lëtzebuerg


Samschdeg 30 September 2023

Bréngt an tauscht är Kleeder um Kleedertausch vu youngcaritas!

Zu de Spillreegelen: Mir brénge min. 1 bis max. 10 Kleedungsstécker mat, kréien dofir Jetone mat deene mir eis fir déi selwecht Unzuel Kleeder dierfen huelen. Wat mir dobäi un Saache matbréngen an duerno am Tausch mathuelen ass egal. Wichteg ass just dass nëmme propper a ganz Kleeder an der Entrée ugeholl ginn!

D'Buvette selwer ass natierlech och op a fir déi richteg Ambiance suergen de ganzen Nomëtten DJ'en vun Kollektiv Wohnung.

An Zesummenaarbecht mat de Rotondes.