11.08.2025 - 16.08.2025
Harry Potter 2
General information
from Monday 11 August 2025 to Saturday 16 August 2025
Location: Centre de Jeunesse Marienthal
Age: from 13 to 15 years
Price : 380 €
from Monday 11 August 2025 to Saturday 16 August 2025
Eng magesch Aventure fir Jonk an Al!
Wëllkomm an der Welt vum Harry Potter! Eis Kolonie entféiert iech an déi zauberhaft Welt vun Hogwarts, wou spannend Aventuren, magesch Erausfuerderungen an onvergiesslech Erliefnisser op iech waarden. Jee no Alter an Erfarung ginn di jonk Hexen an Zauberer an zwou Gruppen opgedeelt.
D’Vertrauensschüler starten hire mageschen Dag schonn am Moien. Als eelsten an erfuerensten Zauberschüler iwwerhuelen si wichteg Aufgaben, hëllefe bei der Organisatioun an tauchen déif an d’Geheimnisser vun der Zauberkonscht an. Si verbesseren et nëmmen hier Fäegkeet am Zauberen, mee si stäerken och hier Féierungsqualitéiten – ganz wéi d’Vertrauensschüler vun Hogwarts.
Taucht an, an dës magesch Kolonie, an der Kanner a Jugendlecher zesumme léieren, wuessen an eng fantastesch Zäit matenee verbréngen. Egal op Éischtklässler oder Vertrauensschüler – jidderee gëtt Deel vun dëser zauberhaften Aventure!